Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Amerikanesche Besuch zu Nidderaanwen

Op Initiative vun de Geschichtsfrënn Nidderaanwen koum den Amerikaner Steve Carter aus dem Ohio op Besuch op Nidderaanwen. Heen schafft aus Ulass vum 75ten Anniversaire vun der Befreiung am zweete Weltkrich un engem Buch ‘Occupation Stories 2020’. Et dokumentéiert d’Okkupatiounsgeschicht vun 75 Gemengen aus de Benelux-Länner an Frankreich, woubäi Nidderaanwen eng dovun ass. An enger ganz interessanter Entrevue mam Buurgermeeschter, Scheffenrot an mam Gemengesekretär huet de Steve Carter säin Projet präsentéiert an erklärt. Him geet et virun allem ëm déi perséinlech Geschicht vun den betraffenen Awunner. D’Geschichtsfrënn sin an enkem Kontakt mat him fir néideg Recherchen ze maachen an Informatiounen ze liwweren, déi an d'Buch wärten afléissen, woubäi eis Gemengevertrieder all hier Hëllef ugebueden hun.

Op der Foto de Steve Carter an der Mëtt mam Fréd Ternes, Uli Fielitz, Jean Schiltz, Raymond Weydert an Charles Jacoby.