Wählen Sie Ihre Nachrichten​

« Menni Dreams » Musek a Sketchowend am Neiduerf

De Centre Culturel am Neiduerf war gudd besat bei der Presentatioun vun „Menni Dreams“ dem traditionellen Musek a Sketchowend vun der Faubourgsmusek Clausen-Neiduerf-Weimeschhaff an hierer Theaterequipe “D’Neiduerfer Brandstëfter”. Den Optakt vum Owend war fir d’Musek, ënnert der Direktioun vun hierem Dirigent Ansis Nikolovskis, mat „The Olympic Spirit“ der Erëffnungsfanfare vun den Olympëschen Summerspiller 1988 zu Seoul. Weider Museksstécker waren “Welcome to the Jungle” vun Guns N'Roses; Ausschnëtter aus der Operette „Die lustige Witwe“ vum Franz Lehár; “A Klezmer Karnival” vum Philip Sparke; “Soul Bossa Nova” vum Quincy Jones, “Flowerdale” from Hymn of the Highlands vum Philip Sparkes wou de Pierre Kremer als Solist de Publikum mat vill Begeeschterung vun den Schotteschen Highlands dreeme gelooss huet. Duerno Filmmusek “Pearl Harbor” vum Hans Zimmer. Den musikaleschen Ofschloss war mat engem lëtzebuerger Komponist, dem Jempi Kemmer mat sengem „Tango Monaco“ aus der Operette „Ënner bloem Himmel“. Zwëschent de Museksstécker war et un der Theaterequipe vun der Musek „D‘Neiduerfer Brandstëfter“, ënnert der Regie vum Claude Hornick „Menni“, fir eng opgelackert Atmosphär ze suergen. Mat selwer geschriwwenen Sketcher, Zäitzeien!; Dammenonlinedram_a!; GRAND CAFE; Häerzlech! Är Pabeieren w.g.l , hunn „D‘Neiduerfer Brandstëfter“ mat Talent a Witz d’Publikum zum schmunzelen a laachen kritt. En Héichpunkt war och den éischten Optrëtt vum „Brandstëfter“, mat kabarettisteschem Fangerspëtzegefill gouf op d’Probleemer um Weimeschhaff an am Neiduerf higewisen. Den Ofschloss vun de Sketcher war „Mennimoler“. D’Publikum war hei zum Deel mat op der Bühn an huet selwer munnech Laachkris ausgeléist. Vum Publikum gouf d‘Prestatioun vun der Faubourgsmusek, den Neiduerfer Brandstëfter an dem Menni, fir seng Leedung duerch den Owend, duerch en gehäerzten applaudéieren honoréiert an eng Bäiluegt gefuedert wat duerch d’Faubourgsmusek mat der „Annen-Polka“ vum Johann Strauss Jong da geschitt ass. E gelongenen „Menni Dreams“ deen an gudder Erënnerung bleift.

Fotoen. Heinen Viviane

Weider Infoen a Fotoen vun „Menni Dreams“ op fofa.lu