Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Faubourgsmusek mat neiem Dirigent.

Kierzlech war am Centre Culturel Neiduerf déi 167. Generalversammlung vun der „Fanfare Grand-Ducale de Clausen“ an déi 111. Generalversammlung vun der „Fanfare Municipale de Neudorf-Weimershof“. De Sall war gutt besat wéi den President vun der Clausener Musek, Pierre Haag, d’Vertrieder vun der UGDA; USMVL, d’Éirememberen an d’Memberen vun deenen zwee Veräiner begréisst huet. Entschëllegt huet hien den Marc Angel, President vun der Neiduerf-Weimeschhaffer Musek, deen aner Verflichtungen hat. E Merci vum Pierre Haag fir d’Musikanten vun deenen zwou Museken fir hieren Asaz am laaf vum Joer 2016. Bekanntlech hat den Dirigent Steve Boehm seng Demissioun agereecht fir nom Juli bei der Faubourgsmusek opzehaalen. Glécklecherweis konnt en neien Dirigent, Ansis Nikolovskis, engagéiert ginn, deen mat vill Geschéck a Kompetenz d’Leedung no der Summerpaus iwwerholl huet. Hinnen zwee vum President och en décke Merci. E besonnesche Merci fir d‘Theaterequipe vun der Musek „D’Neiduerfer Brandstëfter“ an hierem Regisseur an Animateur Claude (Menni) Hornick, déi mat hierem Theater an dem Musek a Sketchowend fir eng besonnesch Atmosphär gesuergt hunn. Et war dunn un der Sekretärin, Joelle Flammang, mam Aktivitéitsbericht vun 2016. Am Januar stoung d’Theaterequipe mat vill Erfolleg op der Bühn mam „De Panzerknackert“ an duerno mat der Musek bei „Menni Moments“. E weideren Héichpunkt war den Musical „Päifemeedel-Danzebouf zu Miersch. Leider huet den Mammendagsconcert op der Plëss missten kuerzfristeg ofgesot ginn wéinst Krankheetsfall vum Dirigent. Weider Aktivitéiten waren; Schlussprozessioun Oktave; Concert op der Plëss fir de Belschennationalfeierdag; Hämmelsmarschen; Concert zu Steesel; Chrëschtconcert an zum Ofschloss vum Joer e Concert op der Plëss am Kader vun de Winterlights. D’Aktivitéiten fir Joer 2017 sinn leider schlecht ugaangen. Den Theater „ E Liewen op Staatskäschten „ huet missten kuerzfristeg wéinst Krankheet ofgesot ginn an et konnt keen neien Datum fir 2017 fonnt ginn. Neien Termin fir den Theater ass elo den 19.-20. an 21. Januar 2018. Weider geplangten Aktivitéiten sinn nach : Den Musek a Sketchowend „Menni Dreams“; Schlussprozessioun Oktave; Mammendagsconcert Plëss; Belschennationalfeierdagsconcert Plëss; Hämmelsmarschen an de Chrëschtconcert. De Keessjee, Andre Heinen, konnt eng gesond Keess vun deenen zwou Museken presentéieren wat vum Keesserevisor, Claude Hornick, gelueft a bestätegt gouf. Bei der fräier Aussprooch war ewéi esou oft den Nowues en Thema an eng Léisung ass schwiereg, mee et bleift een Optimistesch fir Zukunft. Zum Ofschloss war eng Éierung vun Aktivmemberen fir hier Aarbecht an der Vergaangenheet an hieren weideren Asaz an der Zukunft. Duerch de Gilbert Girsch, am Numm vun der UGDA, goufen ausgezeechent: Fir 10 Joer: Heinen Viviane an Krier Laurent. 20 Joer: Degrell Philipp. 30 Joer: Flammang Joëlle. 40 Joer: Elens Jeannot. 50 Joer: Hoffmann Albert an Hornick Claude. Fir USMVL war et d’Éierung duerch den Emile Hermes: Insigne fir 10 Joer: Heinen Viviane an Krier Laurent. 15 Joer: Mayer Georges. 35 Joer: Hornick-Hoffmann Geneviève.

Info a weider Fotoen op fofa.lu

Foto: Heinen Viviane