Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Besuch vun enger Konferenz iwwer d'Desinformatioungefore vu neie Medien

D’Schüler aus der 11TG vum "Lycée Technique Privé Emile Metz" hunn zesumme mat hire Professeren Nadine DuBois a Florent Schennetten un enger Konferenz iwwer d'Théma “Médias: fausses informations, informations non vérifiées et manipulation des médias” deelgeholl. No der Diffusioun vum präisgekréinte Film “Money Monster” huet d’Madame Gaby Rapp vum Service “Bee Secure” sech ganz vill Zäit geholl, fir d’Schüler op d’Virdeeler an d’Geforen vun der Informationsverbreedung duerch déi neie Medien opmierksam ze maachen.