Wählen Sie Ihre Nachrichten​

E Stéck Kulturgeschicht feiert 100 Joer an dem Neiduerf

08
Dez
08 Dez 28 Mär

📷📷


Männerkouer Ste-Cécile

Neiduerf-Weimeschhaff


E Stéck Kulturgeschicht feiert 100 Joer an dem Neiduerf


d'Véierel Neiduerf-Weimeschhaff, Virstiedchen vun der Staat Lëtzebuerg, war net nëmme national an och international bekannt duerch Brauerei Henri Funck. Nee, et war och duerch seng aktiv Veräiner bekannt.


vun deenen Aktiven Veräiner, feiert dëst Joer, en 100. Jubiläum, an dat ass, " Chorale Männerkouer Ste-Cécile Neiduerf-Weimeschhaff ".


Am Joer 1919 hunn eng Handvoll Idealisten " Chorale Ste-Cécile Neiduerf-Weimeschhaff " an dem Neiduerf gegrënnt, an haut kennen ons Sänger houfreg op hiren 100. Järegen Jubiläum zréck an no vir kucken.


Haut op Joer genee kenne mir 100. Joer zesummen feieren, an Sänger, vun der, Chorale Ste-Cécile Neiduerf-Weimeschhaff, kennen hire Gebuertsdagskuch elo op schneiden.

D'Virbereedungen vun dësem 100. Järegen Evenement, haten Si schonns virun engem Joer ageplangt, erkläert de Romain HENRION, President vun der Chorale Männerkouer Ste-Cécile Neiduerf-Weimeschhaff.


wat de Festprogramm ubetrefft,

📷

deen den Samschdes, 13. Juli 2019 an der Neiduerfer Kierch um 18h30 ufänkt, mat enger feierlecher Mass, un Gedenken vun der Aweiung vun der Neiduerfer Kierch, oder ganz einfach gesot, " Kiermesmass ", déi gesongen gëtt vun der Chorale Ste-Cécile Ehlange un der Mess, ënnert der Leedung vun dem Daniel LANG.


Sonndes, den 17. November 2019 um 10h00 ass eng festlech Mass déi gesongen gëtt vun der " Chorales d'Hommes Réunies de Luxembourg " ënnert der Direktioun vun dem Josée FALTZ-WILMES, op der Uergel ass den Daniel LANG.


Duerno géint 11h15 ass eng Seance Jubilare an dem Kulturzentrum an dem Neiduerf..


Sonndes, den 8. Dezember 2019, ass en Adventsconcert um 17h00 an der Neiduerfer Kierch, de vun der Chorales d'Hommes Réunies de Luxembourg gesongen gëtt, ënnert der Leedung vun dem Josée FALTZ-WILMES, an derbäi sinn och nach verschidden kleng Kiischten um Kiermeskuch fir gesinn sinn.


📷

an als Ofschloss Concert vun deem 100. Järegen Jubiläum vun der Chorale Männerkouer Neiduerf-Weimeschhaff. ass an dem Casino zu Bouneweg Samschdes, den 28. Mäerz 2020 e Concert vun der Chorale " LYRA " Ettelbruck um 20h00 fir gesinn.


Chorale Ste-Cécile Männerkouer Neiduerf-Weimeschhaff, seet Iech elo schonns villmools Merci, dass Dir Si ëmmer esou gutt ënnerstëzt bäi Hiren Concert'en oder Hiren Massen.


De President, Romain HENRION, seet dem Organisatiouns-Komitee an All déi ons mat gehollef an ennerstëtzt hunn, dat, " Chorale Ste-Cécile Männerkouer Neiduerf-Weimeschhaf ", dësen 100. Jubiläum éier wierdeg dëst Joer kann feieren, elo schonns villmools Merci fir déi wonnerbar Zesummenaarbecht.


Chorale Ste-Cécile Männerkouer Neiduerf-Weimeschhaff, wier frou Iech bäi dësen Manifestatiounen begréissen ze kënnen.