Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Pater Alfred Nothum vu Nojem huet sengt gëllend Priesterjubiläum zu Clairefontaine gefeiert


De Pater Alfred Nothum, 1932 gebueren zu Nojem, als eelsten vun fënnef Jongen vum Brautpuer Alphonse Nothum vun Ell a Marie Bodevin vu Nojem. Den 2te Juli huet hien säi gëllend Jubiläum als Herz- Jesu- Priester am Klouschter zu Clairefontaine gefeiert, an dat zesumme mat senge Bridder a Schwéieschen, hire Kanner a Kandskanner, Kusinnen a Kosengen a mat den Herz- Jesu- Pateren vu Clairefontaine an och vu Metz. Hien ass den zweeten Juli 1961 zu Roum zum Priester geweit gin. No senge Studien zu Léiwen a Roum, mat der kanounescher Lizenz an der Philosophie an an der Theologie an och als Dokter am Kiercherecht, ass hien als Missionar an de Kongo gaang. D’Primizfeier war den 23. Juli 1961 zu Nojem. No 25 Joer ass hien 1993 an de Kamerum geruff gin, fir op der neier kathoulescher Universtéit vun Zentral- Afrika zu Yaoundé, d’Département vum Kiircherecht ze grënnen an och ze leeden bis d’Joer 2000 an duerno nach als zweeten Direkter ze bléiwen bis 2004. No véier Joer als Paschtouer an enger grousser Pâr nit wäit vu Yaoundé, huet hien de Kamerun de 6. Februar 2009 krankheetshalber fir gudd verlooss. Hien ass elo zu Clairefontaine a schréiwt Artikelen iwwert seng Missionarzäit an Afrika. ( CR )