Wählen Sie Ihre Nachrichten​

50 Joer Club des Jeunes Nojem

Den 30.06.2019 huet de Club des Jeunes vun Nojem fir säi 50. Jubiläum all aktuell an Ancien-Memberen op e flotte Konveniat op Nojem invitéiert. De Club des Jeunes ass den 2. Mäerz 1969 gegrënnt ginn. En hat sech als Ziel gesat, d´Komerodschaft tëschent de Jonken ze festegen, a Liewen an Duerf ze bréngen. Wann een haut op déi 50 Joer zeréckbléckt kann ee behaapten, dass dëst, dank dem groussen Engagement vun all senge Memberen an dem Interesse vun den Duerfleit, gelongen ass. Fir dat besonnesch ze feieren, huet den aktuelle Veräin ronn 150 fréier Memberen ugeschriwwe fir gemeinsam ee flotten Dag ze verbréngen. Vill schéin Erënnerungen si mat ale Fotoen, Filmer a Beiträg opgefrëscht ginn. Ugefaangen huet d´Festivitéit mat enger Mass an der Kierch zu Nojem, uschléissend ass den Aperitif an ee Walking Dinner am Festsall zu Nojem zerwéiert ginn. Am Nomëtte konnten sech déi fréier Memberen och de renovéierte Clubsall ukucken, wou den Dag bei engem gudde Pättchen ausklénge gelooss ginn ass.