Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Vakanzenwochen fir Autisten vun der FAL

E Deel vun der Equipe vum Service Loisirs ass gëschter zesumme komm, vir de Suivi ze maache vun de Preparatioune vun deenen nächsten Aktivitéiten, notamment vun der Vakanzenwoch an der Fuesent mam Thema Sport fir Kanner. Et si leider kéng Plaze méi fräi. Déi nächst Vakanzewoch déi d'FAL vir autistesch Kanner organiséiert ass fir Päischtwoch. Ënner https://www.fal.lu/services/fal/colonies-vacances/ kann en sech de Vakanzeplang eroflueden. An der Versammlung ass nach iwwert de Rapport vum 1. Citytrip fir Asperger gemaach ginn. Et war e wonnerschéine Weekend a déi pedagogesch Equipe freet sech op den nächste City den am Mee stattfënnt.