Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Bûcherons du Nord - Bëschfest

D'Bûcherons du Nord sinn frou, dass si och dëst Joer erëm een Deel vum Erléis vum Bëschfest un eng sozial Organisatioun konnten spenden. Dëst Joer ass ënnert anerem een Chèque an Héicht vun 1.000 € un d’Fondation Autisme Luxembourg iwwerreecht ginn. Domat ënnerstëtzen d'Bûcherons den Ëmbau vum Gaart an dem Bausseberäich vum Wunnheem zu Munzen. Mir soen jidderengem Merci deen zum Erfolleg vum Bëschfest 2019 bäigedroen huet.