Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Bikepark Minsbech

Zu Minsbech niewent der Skatepiste huet d’Gemeng ee “Pumptrack” aménagéiert, wat eng speziell geschaaffe Mountainbike-Streck ass.

De Circuit vun 108 Meter Längt an enger Pistëbreet vun 1,5 Meter, besteet aus Stampf-Lehm. Hei fënnt een Elementer wéi Riets/Lénks Kéieren, duebel an dräifach Bockelen, géi Kéieren, eng Sprungschanz an och e puer kuerz flaach Passagen erëm.

Um Naturgetreie Grondstéck ronderëm d’ Piste gi Blumewisen ugeluecht, Kanäl wou d’ Reewaasser sech sammele kann, an eng LED Beliichtung mat engem waarme Liichttoun fir den ausgewisenen Naturschutzgebidder déi sech an direkter Noperschaft befannen am mannsten ze schueden.