Wählen Sie Ihre Nachrichten​

1. LOF Oldtimer Breakfast zu Mënsbech - 17/07/2016

Sonndes, den 17. Juli war déi éischt Editioun vum "LOF Oldtimer Breakfast" beim Hotel Légère zu Mënsbech.

Hei hunn sech tëscht 9 an 12 Auer eng 70 historesch Gefierer zesummefonnt. Bei Kaffi a Croissant hunn sech vill flott Gespréicher a Kontakter erginn.

E grousse Merci dem Hotel Légère fir den super Accueil !

Déi nächst Datumen fir den LOF Oldtimer Breakfast:

21/08 vun 9 - 12 Auer bei Oldtimerbus Georges Carbon, rue de la Cimenterie, Dommeldange (Ex-Arbed Site)

18/09 vun 9 - 12 Auer bei APL, Cessange

Wëllkomm sinn all historesch Gefierer: Autoen, Moto, Camion, Bus, Trakter, Militärgefierer.... op Member vun der LOF oder net.

Méi Info op www.lof.lu oder op der Facebook-Säit 'LOF - Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun'

Fotoen: www.old-rides.lu + LOF