Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Nationalfeierdag zu Monnerech

Och zu Monnerech gëtt den Nationalfeierdag gefeiert. De Cortège ass duerch Duerf gaangen fir dann Halt bei Monument aux Morts ze maachen wou de Schäfferot eng Gerbe néier gelooss huet. Dann ass et op Duerfplaz gaangen wou de Buergermeeschter Jeannot Fürpass traditionell eng Ried gehalen huet. Et gouf besonnesch un de verstuerwenen Grand-Duc Jean geduecht deem seng Meritten grouss waren grad wéi all Lëtzebuerger deen sech am Krich gewiert huet an esou fir de Fridden an eisen Wuelstand responsabel sinn. Mat engem Vive fir eisen Grand-Duc an eist Land ass et dann mat der Remise vun de Medailen fir den Ordre de Merite weider gaangen befiert den Éierewäin servéiert ginn ass.