Wählen Sie Ihre Nachrichten​

En neit Produkt aus dem Naturpark Mëllerdall : De Viz vu Bur/Sauer

Déi Eelst vun eis kënne sech nach erënneren, datt fréier bal an all Keller e Faass mat Viz* loug, dee gehuewen hat, an deen en zimlech héigen Alkoholgehalt hat. Dat war dat Gedrénks, dat déi Zäit ganz dacks de Wäin ersat huet, esouguer d’Kiermes. Dee Viz war zwar e bësse rau, mee e war sëffeg, a wann een de Summer owes beim Noper op der Bänk esou Karaffen zervéiert kritt huet, da konnt et mol virkommen. datt ee schief heem gaangen ass.
A wat ass elo geschitt : Déi dräi Kollege Carlo Hein, Gérard Bisenius a Gilles Dimmer haten een Dag d’Visioun, fir dëse Produkt erëm frësch opliewen ze loossen. D’Viraussetzunge ware gutt, Äppel waren am Gérard sengem Bongert, an déi dräi Famillje stounge voll a ganz hanner deem Projet. Formatiounen am « Viz-Maache » si gemaach ginn – esouguer an England, wou de Cider jo ganz beléift ass –, Relatioune mat Lëtzebuerger Wënzer wéi mam Mathis Bohnenberger a mat englësche Viz-Hiersteller si geknäppt ginn an de Projet huet sech konkretisiert. 2013 ass deen éischte « Cider made in Luxembourg » hiergestallt ginn, deels hei am Land, deels an England. D’Resultat war direkt super ! An dat gëtt natierlech Motivatioun. Deen zweete Jargank ass fäerdeg, an duerfir haten déi dräi Promoteuren op eng Pressekonferenz agelueden, fir dat neit Lëtzebuerger Produkt - Viz mat bal 6 Prozent Alkohol vun der Mark « Ramborn » -, virzestellen an ze schmaachen. Firwat Ramborn ? « Ramboen » ass eng al bekannten Äppelzort aus eisem Land an d’Iddi ass zu Bur (Born) op der Sauer, am Naturpark Mällerdall entstanen, an duerfir Ramborn.
Grousse Succès hat d’Pressekonferenz, wou de Buergermeeschter vun der Gemeng Mompech, Vertrieder vum Naturpark Mëllerdall an natierlech d’Promoteue Carlo, Gérard a Gilles geschwat an Erklärunge ginn hunn. De Claude Petit vum Naturpark huet gemengt : « Mir sinn houfreg, datt dëse Viz en Deel vun der Regioun vum Naturpark Mëllerdall ass ! » D’Riedner hunn all drop higewisen, datt et e Lëtzebuerger Produkt ass, datt et en natierlecht Produkt ass (wou d’Äppel bestëmmt net gesprëtzt sinn), an datt en ale Produkt erëm an d’Liewe geruff ginn ass.
Mir kënnen nëmme wënschen, datt déi dräi Promoteuren deen néidege Courage an déi néideg Ausdauer behalen, fir datt Ramborn, dee Succès kritt, deen e verdéngt. Wann een déi zefridde Gesiichter beim Schmaache gesinn huet, da kënnt ee ganz liicht un dee verdéngte Succès gleewen.
(* net verwiessele mam séisse Viz, ouni Alkohol, deen elo bei eis doheem an op de Vizfester gedronk gëtt)