Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Krichsaffer sinn nit vergiess: Nationale Gedenkdag gouf zesummen gefeiert



Mäerzeg: Och zu Mäerzeg gouf d’Journée commémorative gefeiert, zu der d’Gemeng Mäerzeg mat der Par „Saints Pierre et Paul- Ettelbréck“ , all Veräiner a Matbierger aus der Gemeng opgeruff hat, fir bei deser Gedenkfeier derbéi ze sin. Virun dem „ Centre Turelbaach“ huet de Cortège , ugefouert vum lokalen Pompjeeëskorps an der Mäerzeger Musik zesummen mam Schäffen- a Gemengerot, de Vereiner a Privatleit, sech opgestallt an ass dunn bis op di grouss Virplaatz bei der Kierch marschéiert fir sech beim Denkmal ze versammelen. No senge Wëllkommensgréiss ass de Buergermeeschter Mike Poiré a senger Ried op d’Bedeitung vun deser Feierstonn agangen. Och wann déi lescht Zeiten aus dem zweete Weltkrich eis no an no „Äddi“ soen, och 76 Joer no der Befreiung vu Lëtzebuerg am September 1944, behält den Dag vun der nationaler Commemoratioun seng symbolisch Bedeitung, fir denen Affer ze gedenken, déi sech géint d’Ënnerdrëckung gestallt hun a fir d‘Fräiheet an d’Onofhängigkeet vum Lëtzebuerger Land gekämpft hun. Eng Natioun ouni Ërennerung u seng Geschicht ass keng an duefir ass et eis Verpflichtung all Joer virun allem déi jonk Generatiounen drunn ze erënneren wou se hier kommen. Ënnert de Kläng vun der „Sonnerie aux morts“ gespillt vum Marc Gilson gouf eng schéi Gerbe als Unerkennung beim Denkmal niddergeluecht. An der uschléissender Gedenkmass déi vum Abbé Romain Richer zelebréiert a vum vereenegten Gesangveräin Feelen- Mäerzeg verschéinert gouf, huet de Romain Richer nach e Mol op d’Verantwortung an den Asatz vun all denen erënnert déi, sech haut fir de Fridden an der Welt ze erhaalen an fir eis Fräiheet mussen asetzen. (CHAREL REISER)