Theater zu Waasserbëlleg

Waasserbëlleg. „Em Gottes Wëllen“ war den Numm vun dem lëschtigen Koméidisstéck an 3 Akten wat d’Theateréquipe vun der „Chorale Municipale“ Sängerbond Museldall Waasserbëlleg zweemol virun vollbesatenem Sall opgefuert hat. De Regisseur Mich Kohn hat mat dësem Steck déi richtig Wiel getraff, well et huet wonnerbar an déi aktuell politisch Situatioun vun Trennung vu Kierch a Staat gepasst. E Paschtouer (Yvon Streff) den zesummen mam luussegen Koschter (Serge Oth) an der énergescher Härekächen (Delphine Hansen) d’Kierchefinanzen mat Kaartespillen an Verlounen vun Zëmmeren am Härenhaus well opbesseren. Dat dat dem Bistum an dem Generalvikar (Romain Streff) nët gefällt leit op der Hand a wéi hien sich du och nach mat den neie Locatairen, enger flotter Aerobic Trainerin (Joëlle Theobald), engem schmalzigen ale Jongesell (Jos Battaglia), enger verklemmter Bitzjoffer (Simone Toonen) an der hysterischer Fra vum Koschter(Sandra Bettendorf) huet missen auserneen setzen war seng Gedold um Enn. Déi schäinhelleg Presidentin vum Porrot (Mariette Zacharias) mat hirer scheier Niess (Liss Streff) an hirem heemlechen Frënd (Louis Caloin) hun mat dru geschafft dat de Paschtouer kuerz virun senger Strofversetzung an de Minette stoung. Awer wéi heescht am däitschen „Erstens kommt es anders und zweitens als man denkt“. D’Akteuren hun iwer 2 Stonnen d’Laachmuskelen vun den Zuschauer strapazéiert. D’Bühnebild war vum Rene Krier a Fred Hanck, an der Pësperkëscht soutz den Martin Toonen a fir de Grimmage war d’Tessy Müller zoustännig.