Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Summerfest am Fleegeheem Op Lamp

Leschte Samsden, de 17. Juni, hunn d'Bewunner vum Fleegeheem Op Lamp zesumme mat hire Familljen, der Direktioun, der Amicale an dem Personal vum Haus hir traditionellt Summerfest gefeiert. Bei schéinem Wieder mat agreablen Temperaturen hu vill Visiteuren de Wee op d'Fest fonnt. Fir eng entspant Ambiance huet d'Grupp "Kantri Klapp" an d'"Merter Musek" gesuergt. Déi Kleng hu sech kënnen am Streichelzoo ameséieren oder sech bei de Spiller, wéi dem Bouschéissen, dem Glécksrad oder beim Intefeschen austoben.