Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Société Municipale des Accordéonistes am Fleegeheem Op Lamp Waasserbëlleg

Op Invitatioun vun der Amicale Io Lamp huet d'Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg de 4. November am Festsall vum Fleegeheem Op Lamp Waasserbëlleg gespillt. Mat engem flotte Programm vu bekannte Melodie hu sie d'Nolauschterer mat geholl op eng kleng Rees uechter Lëtzebuerg an d'ganz Welt.

Ënnert der Direktioun vun hirem Dirigent, dem Här Romain Kraus, spille si aus hirem Repertoire des Lidder: Musik ist Trumpf, Kufstein Lied, Tulpen aus Amsterdam, Wonderful Copenhagen, Ma Normandie, Atemlos durch die Nacht, Non je ne regrette rien, Cuando caliente el sol, Quando quando, El Cumbanchero, Brazil, Spanish Eyes, Ich war noch niemals in New York, Wien bleibt Wien. Awer och e puer lëtzebuerger Lidder goufe gespillt: An engem klengen Duref, Neen déi Schnëss, Wat e léiwe Männchen, Un der Atert, Lëtzebuerger Spezialitéiten, Hei kann ech nët bleiwen, Dat war e schéinen Owend, D’Hechtercher aus der Stad.