Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Shanty-Chor vu Wasserliesch (D) am Fleegeheem Waasserbëlleg

E Sonndeg, de 16. November war de "Shanty-Chor" vu Wasserliesch (D) fir e Concert am Fleegeheem "Op Lamp" zu Waasserbëlleg. "Shantys", vum franséische Wuert "chanter", si Seemannslidder, déi d'Verlaangere vun den alen Zäiten op de Seegelschëffer zeréckspigelen. Aufgab vun dëse Lidder war et, e Rhythmus virzegi fir esou déi schwéier Aarbechten u Bord vum Schëff besser auszehalen an domadder d'Gefill vum Zesummegehéieren ze verbesseren.

Ënnert der Direktioun vum Hans-Jürgen Adam huet de "Shanty-Chor" Lidder gesonge wéi "Heute geht es an Bord, Aloa Oe, Auf der Reeperbahn oder Junge, komm bald wieder". Fir d'Bewunner an hir Famillje war et e Nomëtteg mat vill Ofwiesslung.