Wählen Sie Ihre Nachrichten​

"Russische Seele" am Flegeheem Op Lamp Wassserbëlleg

E Sonndeg, den 12. Januar 2020 war den Ensemble "Russische Seele" vu Woronesch / Don op Invitatioun vun der Amicale Op Lamp fir e Concert am Festsall vun der Maison de Soins zu Waasserbëlleg. Si hunn de Nolauschterer en ofwiesslungsräiche Programm vu russeschen an ukrainesche Lidder gebueden. Déi 3 Sängerinnen hunn eng flott Choreographie mat verschiddene Dänz a Gesang offréiert woubäi si vum Akkordeon begleet goufen. De Musiker hunn et erëm eng Kéier fäerdeg bruecht, de Publikum ze begeeschteren an esou eppes vun der "russescher Seel" ze weisen.