Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Lëtzebuergesch-Sproochexamen an der Maison de Soins Op Lamp zu Waasserbëlleg

81 Mataarbechter vun der Maison de Soins Op Lamp zu Waasserbëlleg hunn an de Joren 2017/2018 un engem Lëtzebuergesch-Examen deelgeholl. 73 vun hinnen hunn dobäi de Kompetenzniveau B.2 no dem “CEFR – Standard” (Common European Framework of Reference for Languages) gepackt. Dësen Niveau ass vum Famillieministère fir d’lëtzebuergesch Sprooch als Minimum gefuerdert, fir am Sozial- a Gesondheetssektor mat de betraffene Persoune dierfen ze schaffen. Domadder erfëllen an der Tëschenzäit 94% vun alle Mataarbechter, déi an der Maison de Soins Op Lamp „um Bett vum Patient schaffen“, déi ministeriell Ufuerderungen.

D’Mme Anne Maas, Directrice vun der Maison de Soins Op Lamp, huet an hirer Usproch ënnerstrach wéi wichteg et ass, an engem Fleegeheem, wou eeler an deelweis demenzkrank Persoune wunnen a versuergt ginn, d’Mammesprooch vun de Bewunner schwätzen a verstoen ze kënnen. Esou kënnen duerch gutt Sproochekenntnisser Mëssverständnesser, Reklamatiounen oder Geforen evitéiert ginn. De Bewunner fillt sech besser verstanen, wann hie mat de Mataarbechter a senger Mammesprooch ka schwätzen.

D’Diplomer an Zertifikater goufen den 18. Abrëll 2018 vun der Mme Maas an dem Directeur des Soins Wolfgang Billen an enger Feierstonn am Festsall vum Fleegeheem iwwerreecht.