Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Kiermes am Fleegeheem Op Lamp

E Samschdeg, de 7. September huet d'Amicale Op Lamp d'Bewunner vun der Maison de Soins Waasserbëlleg an hir Famillen op d'Kiermesfest am Festsall vum Fleegeheem invitéiert. Bei Kaffi a Kuch huet de Rol Girres fir eng gutt Stëmmung gesuergt. D'Museker vun der Harmonie Waasserbëlleg waren do fir den Hämmelsmarsch ze spillen. D'Bewunner an hir Famillen haten e ganz flotten Nomëtteg.