Leschte Sonndeg, de 25.Februar 2018, waren d'"Eechternoacher Quaichleken" op Invitatioun vun der Amicale Op Lamp fir en Optrëtt am Fleegeheem ze Waasserbëlleg.
D'Iddi stamt vun der Amicale vun de Guiden a Scouten: Virun 30 Joer sin si fir d’éischt an der Fuesendzäit bei d’Leit an d’Zemmeren vun Alters/Fleegeheemer gangen an hun fir si d’Heemelmaus gesongen, fir den eeleren a kranken Matmenschen eng Freed ze machen. Mat de Joeren huet dat sech geännert an déi eenzel Gruppen vun Guiden a Scouten stellen zesummen dës Opféierung op d’Been, déi si dann presentéiren.
Matwierkend si Kanner ab 8 Joer an Erwuessener bis Enn 50.
Kostümer, Masken an Bühnendeko stelle si selwer hir mat Hëllef vun hiren Elteren. Thema dest Joer war "Nuecht".