Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Duo Los Figaros an der Maison de Soins Op Lamp

Leschte Sonndeg, den 10. September huet den Duo Los Figaros op Invitatioun vun der Amicale Op Lamp an der Maison de Soins zu Waasserbëlleg gespillt. Déi zwee Musiker hun hire Public, d'Bewunner vum Fleegeheem an hir Familljen mat bekannte Melodien begeeschtert. Mat hirer Musik ass et hinne liicht gefall, op Kiermessonndeg zu Waasserbëlleg bei Kaffi a Quetschentaart fir eng gudd Stëmmung am Festsall vum Fleegeheem ze suergen.