Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Concert vum Mandolinenorcherster La Lyre Godbrange am Fleegeheem Op Lamp

Op Invitatioun vun der Amicale Op Lamp war de Mandolinenorchester La Lyre vu Guedber e Sonndeg, de 6. Oktober 2019 fir e Concert an der Maison de Soins Op Lamp zu Waasserbëlleg. Ënnert der Direktioun vum Här Patrick Christen huet den Orchester fir d'Bewunner vum Fleegeheem a fir hir Famillje Lidder wéi "Sound of Silence", "Imagine", Can't Help Falling in Love", "Samba Lele", "Sous les Ponts de Paris" oder "D'Lidd vum Théiwesbuer" gespillt.