Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Concert vum Josef Stump an der Maison de Soins Waasserbëlleg

De 25. Mäerz 2018 hun d'Bewunner vun der Maison de Soins Op Lamp an hir Familljen op Invitatioun vun der Amicale Op Lamp dierfen de Josef Stump begréissen. De Josef Stump as säit 30 Joer Musiker aus Leidenschaft an hien huet säin Hobby zum Beruff gemeet. Hei eng kleng Auswiel vun den iwwer 30 Lidder, déi hie mat senger Wersi-Uergel gespillt huet: La Paloma, Ballade pour Adeline, De Feierwon, Ech drenke gaer mäi Pättchen, Tulpen aus Amsterdam, Ich hab Ehrfurcht vor schneeweißen Haaren, Toutes les dames sont belles, Schneewalzer, Le plus beau tango, o du mäi Lëtzebuerg, Schatzi schenk mir ein Foto, Wenn bei Capri die rote Sonne, an de Charel.