Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Chrëschtfeier am Fleegeheem Op Lamp Wasserbëlleg

leschte Samschdeg, de 14. Dezember 2019 huet d'Amicale Op Lamp all Bewunner vum Fleegeheem an hir Familljen op déi traditionell Chrëschtfeier invitéiert. Musikalesch begleet gouf dëst Feier vum Duo "Los Figaros", déi mat hire Lidder fir eng festlech Ambiance gesuergt hunn.

D'Amicale huet dem Fleegeheem mat engem moderne Bewegungstrainer als Chrëschtkaddo eng grouss Freed gemaach. Am Numm vun de Bewunner huet sech den Directeur des Soins Wolfgang Billen fir dëse Kaddo, awer och fir déi vill weider Evenementer, déi d'Amicale Op Lamp iwwert d'ganz Joer organiséiert, bedankt.