Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Duerffest zu Mierschent

Bei wiesselhaftem Wierder huet Sonndes, den 13. September zu Mierschent dat traditionellt Duerffest statt fonnt. Zu dësem Ulass huet den Duerfklub „Di Merschter“ A.s.b.l. hiren interessanten Rallye ënnert dem Motto „Energie spueren“ organiséiert. 10 Kanner-, an 10 Erwuessenegruppen hu sech de villen Froen a Spiller ronderëm d’Duerf, ouni Angscht virum Reen, gestallt. Ob Elektroapparater sortéieren oder mat engem Velosdynamo Lut an engem däischteren Zelt maachen, vill gouf vun den Equipen verlaangt a jiddereen huet probéiert esou vill wéi méiglech Energie dobäi ze spueren. Zum Schluss goufen dunn „Keng Ahnung“, eng Kannerequipe vu Mierschent an d’Amicale vu Grooljen als Gewënner vum Rallye belount. De ganzen Dag iwwer goufen et gutt Saachen vum Grill a flësseg Stäerkungen.