Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Baam setzen zu Mierschent

Den 09 Juni huet den Birchen Carlo vu Mierschent d’Awunner invitéiert fir mat him zesummen sai Baam anzeweien.

Hie kruut vun der „Di Merschter“ Asbl dësen japaneschen Kiischtebaam geplanzt fir soumat sain neie Posten als Gemengenconseiller bei der Pëtschter Gemeng ze feieren. No verschiddenen Rieden vun eisem Buergermeeschter, dem Präsident vun „Di Merschter“Asbl an dem Birchen’s Carlo an verschiddenen Lidder vum Gesang, gung et dunn an de Festsall fir bei engem gudde Patt an der Gemeinschaft unzestoussen.