Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Kiermes um Haff

30
Sep
30 Sep

D’Päerd’s Atelier asbl invitéiert Iech op seng Kiermes um Haff ënnert dem Thema Champignonen, e Sonndeg, den 30. September 2018 vun 11 bis 19 Auer, um Liewenshaff zu Merscheed (32, Duerfstroos, L-9165 Merscheid). Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt, esou wéi fir vill Animatioun, Spiller, Musek a gutt Stëmmung. Mir freeën eis Iech um Liewenshaff begréissen ze kënnen! Menüen 1 (18€) a 2 (10€) bis den 25. September 2018 op Reservatioun! www.liewenshaff.lu