Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Rousen fir 32 Geburtagskanner am Home Saint- Joseph



Miersch: All Pensionnären a Schwësteren, aus dem Home Saint- Joseph vu Miersch, déi tëschent dem 7. Mee an dem 29. Juli gebuere goufen, sin am Kader vun enger gemeinsamer Geburtstagsfeier mat enger Rous geéiert gin. Et war di éischt Veranstaltung fir dest Joer, déi och no de Covid- Regelen zesummen mat de Memberen vun de Familljen organiséiert gin ass. D’Gemengen vu Bissen, Colmer- Bierg, Hieffenech, Larochette a Miersch waren vertrueden duerch de Carlo Mulbach, Isabelle Wickler, Camille Feltes, Eliane Plier, Willy Vullers an Heng Krier. Am Numm vun der Direktioun a vum Personal huet de Mark Monville jiderrengem gratuléiert a weiderhin och eng gut Gesondheet gewënscht. No enger Coupe Champes huet den Entertainer Willy den ganzen Nommëtteg mat flotter Ënnerhaalungsmusik fir bëscht Stëmmung am Saal gesuergt. Héichpunkt vun deser Geburtsdagsfeier war ouni Zweifel d’Opschneiden vum groußen Geburtsdagskuch. D’Jubilaren Liliane Fellens- Serres (75 Joer); Valérie Hoss- Jung (79); Marga Thiry- Dennenwaldt an Jeanny Kinarian-Laux (80); Madelaine Wanderscheid (81); Georgette Heck- Herber, Fernand Weber an Sr. Béatrice Hourscht (82); Josée Schmit- Lecompte (83); Nicolas Hendrickx an Agnès Schwitz- Bach (84); Irène Legay, Elise Fischbach- Fettes an Sr. Bertha Feiereisen (85); Hannelore Spielmann- Krepper, Sr. Adelaide Reiners an Josette Hausemer- Steichen (86); Françoise Hesse- Hüttner (87); Alice Muller-Heiderscheid, Julie Kettel- Maurer an Catherine Kirschten- Schmidt (90 ); Léonie Victor- Geisen, Lucie Simon- Weber an Joséphine Lehnerts- Carl (91) ; Jos Fidler (92) ; Nelly Schmitz- Schmitz an Léonie Miny- Heck (93); Adolphe Hames, Félicie Bohler- Weisgerber an Catherine Kohl- Tholl (95); Catherine Thill- Backes an Gisèle Mack (97). (TEXT A FOTOEN: CHAREL REISER)