Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Mam CovidCheck op de Concert vun der Militärmusek

D’Gemeng Miersch an d’Kulturkommissioun sinn houfreg, fir de Concert vun der Groussherzoglecher Militärmusek dëse Freiden, 9. Juli um 8 Auer op der Méchelsplaz zu Miersch unzekënnegen.


Fir d’Gesondheet vu jiddwerengem, gëllen d’Virschrëften vum CovidCheck: D’Spectateure musse geimpft, getest oder erëm gesond sinn. Nëmmen mat engem gültegen Certifikat (digitaalt Dokument oder Original um Pabeier) huet een Accès an de Publikumsberäich.


Et gëllen Certificater mat engem negativen COVID-19 Test wéi de PCR (max. 72h) oder een Antigène-Schnelltest (max. 48h), ausgestallt vun engem Laboratoire oder certifiéiert vun engem Gesondheetsberuffler oder engem Apdikter.


Schnelltester, déi ee vun doheem matbréngt oder op der Plaz mécht, ginn net acceptéiert. Schnelltester mat offiziellem Beleeg vu Schüler aus der Schoul, dee manner wéi 48h al ass, ginn acceptéiert. Kanner ënner 6 Joer brauche keen Certificat.


Déi 300 Sëtzplaze gi verdeelt nom Motto “déi Éischt si vir”. D’Diere ginn um halwer 7 op. De Concert ass gratis. Op der Plaz gëtt Gedrénks verkaaft.