Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Kleederstuff vu Miersch

Kleederstuff vu Miersch

Et sinn eng 10 Dammen déi sech säit Joren ëm d’Mierscher Kleederstuff këmmeren. Dat heescht, vill Stonne bénévole verbréngen, Kleeder sammelen, en Tri maachen, Kleeder préiwen an araumen, fir se sou herno zu ganz soziale Präisser u bedürfteg Bierger ze verkaafen. Den Erléis vun de verkaafte Kleeder gëtt all Joer verdeeltduerch Iwwerreeche vu verschiddene Chèquen un Associatiounen, déi sech zum Zil gesat hunn, manner bemëttelten oder pflegebedürftege Leit ze hëllefen. Ufank des Joers sinn esou vun de Verantwortlechen aus der Kleederstuff folgend Chèquen iwwerreecht ginn: 4000 € un de Plooschterprojet, 4000 € u Luxrollers, 4000 € u Wäertvollt Liewen a je 500 € un ADRA a Foi et Lumière. Déi Verantwortlech vun deene 5 Associatioune soten e grousse Merci un déi bénévol-schaffend Dammen aus der Kleederstuff.

(Text/Foto: Henri Krier)

Weitere Neuigkeiten von Henri Krier >