Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Jeunes Mamans Miersch spenden 21.500 €

Den Erléis vun 21.500 € vum Second-Hand-Verkaf, dee vun de Jeunes Mamans Miersch Ufank Oktober 2019 an der Hal Irbicht organiséiert gi war, ass dëser Deeg u 6 Hëllefsorganisatioune gespent ginn.

Nodeems d’Presidentin deene ville benevollen Dammen an Hären, dem Comité, de Verantwortleche vun der Gemeng Miersch, de Mataarbechter vun der Gemeng an deene ville Leit, déi der Vereenegung hir gutt erhale Kleeder, Spillsaachen, Baby-Accessoiren, Bicher, Schong gratis zur Verfügung stellen, fir se da fir de gudden Zweck kënnen ze verkafen, Merci gesot huet, hunn déi Verantwortlech vun de 6 Organisatioune jeeweils e Scheck am Wäert vun 3.500 € entgéint geholl.

Dat waren Damme Kremer Paule a Steifer Christiane vum Plooschter Projet a.s.b.l.; gefreet huet sech och Madamm Thill Simone vun der Trauerwee A.s.b.l. a vum Foyer Saint-Martin Jeunes, den Här Kirchen Jean-Marie. Des Weideren hunn den Här Kraus Léon vun „Noël de la Rue a.s.b.l.“, d’Häre Filipe Lima da Cunha an Zenner Andy vun der ONG „Le soleil dans la main“ e Scheck entgéintgeholl. D’Madamm Abens Mady als Vertriederin vum Hôpital Saint-Jean de Dieu vun Thiès huet e Scheck kritt fir eng Couveuse an der Klinik matzefinanzéieren. Den Nelson Costa an de Jo Petit, Vertrieder vun de Spiller vu 5 x Biereng, krute Merci gesot mat engem Scheck vu 500 €, well si sech zënter e puer Kéiere bereet erkläert hunn, d‘Kaffisstuff um Second-Hand-Verkaf ze garantéieren. Den nächste Kleeder Second-Hand-Verkaf fënnt vum 5. bis de 7. Mäerz zu Biereng/Miersch an der Hal Irbicht statt. Kleedersammlung ass de 24. & 25. Februar vun 13.45-16.00 am Veräinshaus hannert der Kierch zu Miersch.

Text: Sylvie Hames, Foto: Henri Krier