Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Theaterfrënn Pëtten spillen "Hotel Mimosa"

27
Dez
2017
20 Jan

Wéi déi leschte Joeren trieden d’Akteuren vun den Theaterfrënn Pëtten erëm an der Hal Irbicht zu Biereng/Miersch op.


" Hotel Mimosa "


heescht ee Vaudeville-Theaterstéck vum Pierre Chesnot op Lëtzebuergesch iwwersat vum Marc Herman dat si


freides a samschdes, den 12., 13., 19. an 20. Januar 2018, zu Biereng an der Hal Irbicht, all Kéiers ëm 20.00 Auer opféieren,

sonndes, den 14. Januar ass eng Matinée virgesinn déi um 16.00 Auer ufänkt.


D’Magali Bavaud lieft an enger schéiner Villa zu Villefranche-sur-Meer, am Süde vu Frankräich. Hatt fillt sech eleng, well säi Mann ass U-Boot-Kommandant an nees eng Kéier fir dräi Méint ënner Waasser. De Fernsehregisseur François Martigue ass säin Amant. Hie wunnt all Kéiers, wann hien nees no neie Motiver sicht, beim Magali. Mä och hien ass bestuet an erzielt senger Fra, dem Cécile, dass hien dann am Hotel Mimosa logéiert. Den Zoufall wëllt et, dass de François säi Portmonni mat de Suen a senge Kreditkaarten doheem leiegelooss huet a seng Fra him déi brénge wëllt. A wat elo … ? De François, den ëm Ausrieden net verleeën ass a vun e lauter Iddien nëmmen esou spruddelt, mécht aus der Bavauds hirer Villa een Hotel.


Ënnert der Regie vum Gérard Heitz spillen: Will Aust, Chris Bebing, Sven Dupong, Claude Haubrich, Julie Heusbourg, Max Hübsch, Trix Jauersch, Lea Kauffmann, Xenia Medinger, Mathieu Serres, Mariette Schoellen an Ed Schwarmes.


Pësperkëscht : Monique Hilger a Marianne Chlapek


Plaze kënnen vum 27. Dezember un ënnert der Telefonsnummer 691-57 14 17 vun 18.30-20.30 Auer reservéiert ginn oder iwwer Mail theaterfrennpetten@gmail.com