Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Scheckiwwerreeschung vun de Karlsruher Studenten un d'SOS Kannerduerf Lëtzebuerg

05
Okt
2021
05 Okt

E Freideg, den 24. September, konnten mir als Delegatioun vun der "Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe a.s.b.l." (AELK) mat grousser Freed dem S.O.S. Kannerduerf zu Miersch e Scheck am Wäert vun 4.500 € iwwerreechen. Des Sue goufen am Kader vun der traditioneller Vëlosheemrees gesammelt.


No dem Covid Joer 2020 war et dësen 2. Juli erëm sou wäit an d'Vëlosheemrees stoung um Programm an dat zënter mëttlerweil 35 Joer. Mat gudden +230 km vun Karlsruhe ob Lëtzebuerg war den Start moies um 5 Auer mat Arrivée géint 17 Auer an der Staat bei eisem Partner Paul Wurth. Um Start waren och Vëlosprofien zu Oochen, an zu Lëtzebuerg fir eis Coureuren virtuell z'ënnerstëtzen.

E grousse Merci nach eemol un eis Coureuren, awer och un jiddereen deen eis mat engem Don oder Parrainage ënnerstëtzt huet.


Op dësem Wee wëllen mir dem SOS Kannerduerf ganz häerzlech Merci soen fir deen ausféierlechen Abléck, dee mir an hier Organisatioun kritt hunn an hir Erklärungen wat mat de gesammelten Suen alles vu Projete realiséiert gëtt.