Liesung

29
Nov
29 Nov

Ech si frou meng nächst Liesung unzekënnegen!

Mëttwochs den 29 November 2017 liesen ech owes ab 19.00 Auer aus mengem neie Buch: Stierwen zu Lëtzebuerg.

Dat Ganzt ass am Restaurant "Beim alen Tuurm" zu Miersch

Natierlech gëtt et och eppes z'iessen.

Um Menü steet:

- Zopp

- Ham, Fritten an Zalot

- Ee Stéck Taart

Präis: 35€

Umeldungen am Restaurant "Beim alen Tuurm" um 326855

Ech si frou dass ech och bei dëser Liesung vum Isabelle Chaussy um Akkordeon begleet ginn!


Jeff Herr