Wählen Sie Ihre Nachrichten​

KID COLLING CARTEL | Pëttener Summer Nights 2021

28
Aug
2021
28 Aug

Groove, Funk, Rock, Blues? De Kid Colling Cartel vereent all déi Genren a beweist dat op sengem Concert den 28. August bei eis am Pëttener Schlass.

De Kid Colling Cartel, benannt no de kolumbianesche Wuerzele vum Frontmann, gouf 2012 gegrënnt. Ënnert dem Stilnumm "Modern Blues Rock" spillt d'Band meeschtens dem Colling seng eege Kompositiounen a wot sech u verschidde musikalesch Genrë wéi Groove, Funk a virun allem Rockmusek erun, ouni awer hire Blues-Urspronk opzeginn. De Kid Colling leet grousse Wäert drop, de Kartell net an e stilisteschen Tirang ze leeën, mee fir e breede Publikum unzeschwätzen amplaz just Bluesfrënn.

2017 huet de Kid Colling Cartel säin Debutalbum "In the Devil's Court" erausbruecht. Deen neien Album ass fir Ufank 2022 geplangt.

Besetzung: 

Vincent Charrue - Keyboard an Uergel

David Franco – Bass

Florian Pons – Batterie

Kid Colling – Gesang & Gittar


Kaaft Är Ticketen ELO op summernights.lu!


Fir Iessen a Gedrénks op der Plaz ass gesuergt.

Parking + gratis Shuttle: Miersch Gare + Lycée Ermesinde, keng Parkplazen um Site, ausser ♿ & 🚲.

CovidCheck.lu: Bréngt Äre gültege CovidCheck-Zertifikat mat oder test Iech géint een Onkäschtebäitrag direkt op der Plaz mat engem Antigen-Schnelltest (Waardezäit ca. 20 min).


Pëttener Summer Nights” ass een Open Air Concertsfestival am Pëttener Schlass (bei Miersch), deen iwwert di dräi lescht Weekender am August 2021 Concerte an de Genre Jazz, Blues-Rock a Pop fir d’Leit aus der Regioun an dem ganze Land ubidd.