Wählen Sie Ihre Nachrichten​

FRED BARRETO GROUP | Pëttener Summer Nights 2021

22
Aug
2021
22 Aug

Den 22. August wäert et knuppen! De Fred Barreto a seng Band suerge fir Blues-Rock Stëmmung an der Buergruin.

De brasilianesche Gittarist Fred Barreto ass eenzegaarteg! Hien ass ee vun deene Museker, déi ee vun der éischter Nout un erkennt! De Fred mengt et seriö, wann et drëms geet zolitte Rock oder raue Blues ze spillen. Dat passionéierte lëtzebuergescht Blues-Rock Quartett kombinéiert déi zäitlos Energie vun der Rockmusek an déi gefillvoll Vibes vum Blues mat engem neien, onmëssverständleche Charakter an engem dynameschen Drive, dee virun allem an hire Live Optrëtter ze spieren an ze héieren ass.

Zu Pëtten spillt de Fred Barreto Group ganz nei Lidder vun hirem Album, deen am Oktober 2021 erauskomme wäert.

Besetzung:

Nadja Prange – Uergel

Daniel Fastro – Bass

Michael Stein – Batterie

Fred Barreto – Gittar & Gesang


Kaaft Är Ticketen ELO op summernights.lu!


Fir Iessen a Gedrénks op der Plaz ass gesuergt.

Parking + gratis Shuttle: Miersch Gare + Lycée Ermesinde, keng Parkplazen um Site, ausser ♿ & 🚲.

CovidCheck.lu: Bréngt Äre gültege CovidCheck-Zertifikat mat oder test Iech géint een Onkäschtebäitrag direkt op der Plaz mat engem Antigen-Schnelltest (Waardezäit ca. 20 min).


Pëttener Summer Nights” ass een Open Air Concertsfestival am Pëttener Schlass (bei Miersch), deen iwwert di dräi lescht Weekender am August 2021 Concerte an de Genre Jazz, Blues-Rock a Pop fir d’Leit aus der Regioun an dem ganze Land ubidd.