Wählen Sie Ihre Nachrichten​

BARTLEBY DELICATE | Pëttener Summer Nights 2021

29
Aug
2021
29 Aug

Den Ofschlossconcert vun eisem Festival mécht de Bartleby Delicate!!

Den opstriewenden Singer/Songwriter Bartleby Delicate navigéiert tëscht zäitgenësseschem Folk a Loop-orientéierter Elektronik a konzentréiert sech op d'Narrativen, déi hien a seng zukunftsorientéiert Kompositiounen abaut. Seng lescht EP "Deadly Sadly Whatever" weist eng filmesch Qualitéit déi d'Grenze vun der Phantasie ausdehnt. Op der polyphonescher Wäit vu senger Stëmm opbauend, fusionéiert hien Feldopnahmen mat dezente Arpegios a melancholesche Piano-Akkorden, alles gedriwwe vum subtilen Impuls vun engem mënschlechen Häerz.


Kaaft Är Ticketen ELO op summernights.lu!


Fir Iessen a Gedrénks op der Plaz ass gesuergt.

Parking + gratis Shuttle: Miersch Gare + Lycée Ermesinde, keng Parkplazen um Site, ausser ♿ & 🚲.

CovidCheck.lu: Bréngt Äre gültege CovidCheck-Zertifikat mat oder test Iech géint een Onkäschtebäitrag direkt op der Plaz mat engem Antigen-Schnelltest (Waardezäit ca. 20 min).


Pëttener Summer Nights” ass een Open Air Concertsfestival am Pëttener Schlass (bei Miersch), deen iwwert di dräi lescht Weekender am August 2021 Concerte an de Genre Jazz, Blues-Rock a Pop fir d’Leit aus der Regioun an dem ganze Land ubidd.