Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Widdebierglaf 2017 rem e grousse Succès

De Widdebierglaf 2017 e Samsdeg, 24. Juni zu Menster war rem e grousse Succès. En neie Rekord gouf et bei der Participatioun bei de Kannerleef. Iwwer 1000m ware 94 Kanner tëschent 6 an 9 Joer um Départ a fir de Laf iwwer 1400m hate sech 33 Kanner tëschent 10 a 14 Joer op d'Streck gemaach. 230 Leeferinnen a Leefer hu beim 10km Laf d'Zillinn gesinn. Dee Séierste war de beschtbekannte Yonas Kinde, deen de Streckerekord vum Christophe Kass aus dem Joer 2013 ëm 1 Sekonn verpasst huet. D'Liz Knepper awer huet et bei den Damme färdeg bruecht, de Streckerekord vum Tania Harpes ëm 9 Sekonnen ze verbesseren. Beschte Leefer aus der Gemeng waren d'Stéphanie Krier an de Frank Bourgnon. Nodeems "Os Maratos" an d'Menster Musék d'Leefer op der Streck musikalesch ënnerstëtzt hunn, huet d'Band "Golden Hour" no der Präisiwwerreechung op der Fiewescht Plaz d'Leit ënnerhalen. Alles an allem waren d'Organisateuren mat der 5. Oplag no der Relance vum Widdebierglaf déck zefridden.