Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Scheckiwwerreechung Widdebierglaf 2017

D'Widdebiergfrënn asbl hu während enger gemittlecher Feierstonn all dene Leit Merci gesot, déi hinne bei der Organisatioun vum Widdebierglaf 2017 gehollef hunn. Den Erléis gouf och dest Joer erem gespendt: 4.500€ sinn un de "Réseau Psy" gaangen an 1.000€ un "Dignity asbl".Di nächst Editioun vum Widdebierglaf ass den 2. Juni 2018.(Foto: Stoltz N.)