Wählen Sie Ihre Nachrichten​

de Widdebierglaf 2018 war e vollen Erfolleg

De Widdebierglaf 2018 war e volle Succès.
Bei de Kannerleef hunn insgesamt 161 Kanner deelgeholl a goufe vum Widdy a ville Supporter ënnerstëtzt.
Beim Haaptlaf, wou de Startschoss um 18 Auer gefall ass, hu sech 277 Leeferinnen a Leefer op den 10 Kilometer laange Parcours gemaach.

De Yonas Kinde bei de Männer an d’Jessica Schaaf bei de Fraen hu bei deser 6ter pblag e neie Streckerekord opgestallt. Di bescht Leefer aus der Gemeng Betzder waren d’Nora Waringo an de Jeff Houdrement zesumme mam Frank Bourgnon.
D’Widdebiergfrënn si frouh iwwer eng gelonge 6ten Editioun a kënnen doduerch de Projet „Taba“ generéis ënnerstëtzen.