E Samsdeg, de 25. Juni gëtt no 2 Joer Paus rem de Widdebierglaf zu Menster organiséiert. Niewent den traditionelle Kannerleef vun 1km respektiv 1,4km an dem 10km Haaptlaf ass dest Joer e 5,5km Laf nei um Programm.
Weider Informatiounen zum Laf a wéi dir iech umelle kënnt fannt dir op www.widdebierglaf.lu
Nom Laf ass gutt Stëmmung op der nei restauréierter Fieweschplaz ugesot, dest mat der Acoustic Band „MayB2“. Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag gesuergt.
Eng Organisatioun vun der „Widdebiergfrënn asbl“.