Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LEGO Brick Days zu Medernach

Am Hall sportif zu Medernach wor wéi déi Jore virdrunn eng grouss Zuel vu LEGO Exponaten ze gesinn. Och konnt een verschidden LEGO-Sätz kafen. Eng Tombola huet ët erlaabt LEGO-Sätz ze gewannen. E Lous huet 1€ kascht an hat besonneschen Zousproch bei de Kanner. Nët allzevill Leit haten de Wee op Medernach fonnt. Mee ganz Famillen zum Deel mat Kannerkutsch a waarm gekleed woren do. D'Entree huet nët vill kascht. Stärke konnt een sëch mat waarmen a kaalem Gedrénks asw. Op deene villen Dëscher wor ze liesen: "Nët upaaken / Ne pas toucher/ Nicht anfassen". Déi allerklengst, déi jo nach nët liese kënnen, hunn sëch nët ëmmer dorunner gehal, mee d'Exposanten hunn een A zougedréckt.Bis dat näxt Jor dann !