Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Makadammen - Alles FÉIK...oder wat????

01
Feb
2019
01 Feb

Makadammen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor. Musek a musikalesch Begleedung: Netty Glesener. Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor. Regie: Jacqueline Posing-van Dyck.


Wat géife munnech Leit net alles maachen, fir e bekannte Star ze ginn? Dobäi muss et net gläich en internationale Star sinn, neen, och e Star hei zu Lëtzebuerg wier am Ufank schonn net schlecht. Sou hu sech och puer  Frëndinne geduecht a sech spontan op e Casting gemellt, fir hire groussen Dram z’erfëllen an an enger lëtzebuergescher Tëleeproduktioun däerfe matzespillen.

Vu mentalem Striptease iwwert eng Moundlandung bis zur Zréckentwécklung zu engem Embryo, alles musse si iwwert sech ergoe loossen. Gi si an där Welt op, oder friesse si alles a sech eran, nëmme fir d’Roll vum Liewen ze kréien? Oder ass et dach eng Welt wou alles nëmme Féik ass????


Fr, 01.02.2019 / 20H00

Erwachsene: 20 € / Cube Card: 17 € / < 26 Jahren: 10 €

Kartenvorverkauf: + 352 521 521 / info@cube521.lu / www.cube521.lu


Cube 521

1-3, Driicht L-9764 Marnach