Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Sportleréierung - Gemeng Manternach

Den 18. September war zu Berbuerg am Centre Beaurepaire déi jäerlech Sportler a – Studentenéierung. Vill Leit haten sech afonnt a si vun de Gemengeresponsabele geéiert ginn.

De Buergermeeschter Jempi Hoffmann ass a senger Ried op d’Wichtegkeet vum Sport an der Educatioun an onser Gesellschaft agaangen. Allebéid si wichteg Aspekter am alldeegleche Liewen an d’Gemeng well och an Zukunft alles dru setze Béides esou wäit et geet ze fërderen. An der Educatioun si besonnesch de Gilles Irthum an dat ganzt Léierpersonal souwéi och déi Responsabel vun der Maison Relais fir hire wichtege Rôle an hier gutt Aarbecht gelueft ginn. An de Sportsveräiner sinn et besonnesch déi vill Benevollen, déi fir hiren alldeeglechen, fräiwëllegen Engagement gelueft gi sinn.

Uschléissend huet de Buergermeeschter nach déi zwee nei Subsidereglementer presentéiert. Mat dëse soll méi Kohärenz geschaf ginn an d’Subside fir gutt Leeschtunge sinn insgesamt alleguer erhéicht ginn.

Insgesamt si 39 Schüler a Studente vun der Gemeng geéiert ginn. Weiderhin hunn och 13 Equippen an 8 individuell Sportler ee wuelverdéngte Subside iwwerreecht kritt.

Op dëser Plaz wëlle mir nach eng Kéier alle Studenten a Sportler fir hier gutt Leeschtungen häerzlech felicitéieren a wënsche Jidderengem bonne Chance fir dat neit Schouljoer / déi nei Saison.