Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Réck- an Ausbléck bei de Gesangveräiner Lelleg-Manternach

Wéi gewinnt hunn déi zwee Gesangveräiner hir regulär Generalversammlungen jiddfereen fir sech am Centre culturel zu Lellig ofgehalen. Duerno hunn si sech zesummegesat fir iwwer déi geplangten Aktivitéiten ze diskutéiren. Et waren d’Usproochen vum President vun der Chorale vu Lellig, Jos Turpel, vum Dirigent a President vun der Chorale Manternach, Roby Mehlen a vum Dechen Claude Bache, deen de Sängerinnen a Sänger merci gesot huet fir hiren onermittlechen Asaaz. Déi zwou Choralen, déi elo schonn 28 Jar zesumme sangen, wäerten dat och weiderhin maachen. E Problem bleift, wéi op ville Plazen, de Manktem un Nowues. Jiddfereen, dee sange kann a Freed um Gesank huet, ass häerzlech wëllkomm. D’Chorale Ste Cécile vu Manternach, déi 1893 gegrënnt gouf, däerf dëst Jar iwwregens hiren 125. Gebuertsdag feieren.

Nom administrativen Deel ass et dunn erof op Manternach gaangen, wou an der Brasserie Tapas (fréier Café Thiel) bei enger gudder Paella nach laang diskutéiert, gesongen a gelaacht ginn ass.