Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Hierschtmaart a Repair-Café zu Manternach

Dëse Sonndeg, 19. September war am Naturschutzzenter „A Wiewesch“ eppes lass. De Klimateam vun der Gemeng haat zesumme mat der Direktioun vu „Wiewesch“ e klenge regionale Maart mat Repair-Café organséiert. D’Fraen a Mamme vu Lelleg an d’Fit Fissercher vu Manternach hunn derfir gesuergt, datt kee Visiteur huet missen Honger oder Duuscht leiden. Fräiwëlleg Techniker waren op der Plaz fir defekte Saachen eng zweet Chance ze ginn. A well d’Wieder matgespillt huet, war et alles an allem e schéinen Dag mat neie Kontakter a flotte Gespréicher. D’Organisateure sinn zefridden an déi nächst Oplag wäert wuel net op sech waarde loossen.