Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Éischte Mee an der Manternacher Fiels

Wéi all Jar haat d'Entente vun de Manternacher Veräiner d'Leit vu Manternach a Lellig an d'Fiels invitéiert fir den éischte Mee ze feieren. Beim Fuussebau vum Syndicat d'Initiatives war en Zelt opgeriicht ginn; d'Jugend huet gegrillt, wuerfir si e grousse Merci verdéngt huet a fir d'Gedrénks war natierlech och gesuergt. D'Stëmmung war gutt trotz de frëschen Temperaturen an sou konnt ee wéi ëmmer vun eng Réussite schwätzen, wou d'Frënschaft tëschend den Duerfleit gefleegt ginn ass.