Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Drauwelies an der Manternacher Fiels

Den 30. September huet de Syndicat d’initiatives an séngem Wéngert an der Manternacher Fiels d’Drauwe gelies. Et handelt sech dobei ëm Auxerrois a Pinot gris. Den Hl Péitrus haat et gutt gemengt, d’Wieder war gutt an d’Drauwe vu beschter Gesondheet a Qualitéit. Dem Wënzer Aby Duhr an sénger Equipe e grousse Merci, datt si de Wéngert d’ganz Jar iwwer an der Rei halen an och derfir suergen, datt aus den Drauwen en excellente Pättche gëtt, op dee mir elo scho ganz gespaant sinn.

Et sief drun erënnert, datt Manternach fréier bis zu 18 Hektar Wéngert haat. D‘Wéngerten an der Fiels si genee no Süden exponéiert a si gehéiren op den historesche Wéngertskaarte vun der Musel zu den 1.-Klass-Lagen. Well de Syndikats-Wéngert nët méi am Wäibauperimeter läit, kënnt d‘Raritéit aus der Fiels awer nët an de Verkaf.